Fënnef Konferenzen iwwer de Wandel vun der Gesellschaft, de Beruffer an der Aus- bildung vun Ingenieuren an Techniker. Wat bedeit dat fir eis Schoulen an eis Uni? Wat bedeit et fir eis Gesellschaft? Wéi eng Roll spille Fuerschung an Entwécklung?
Dënschden 20∙09∙2016 17:30 Auditoire B02 Campus Kirchberg
Pierre Steffen Red Lion Consultants
D’Ingenieure spillen eng grouss Roll an eiser Economie. Wéi gëtt een Ingenieur, wat sinn déi méiglech Karriären? Wéi kënnt dee richtegen Ingenieur op déi richteg Plaz? Wéi eng sinn d’Defie fir déi Lëtzebuerger Firmen, wéi ass et weltwäit? Wat ass d’Plaz vum Ingénieur an der Gesell- schaft, zu Lëtzebuerg an uechter d’Welt. Op dës an aner Froe geet de Virtrag an, fir eng interes- sant Diskussioun mam Auditoire anzeleeden.
De Pierre Steffen huet 1982 um Institut Supérieur de Technologie säin Diplom am Maschinne- bau gemaach an huet sech an der Thermohydraulik vun Atomzentrale spezialiséiert. Hien huet 34 Joer Beruffserfahrung an de Beräicher Generatioun vun Energie an Aviatioun an huet verschidde Managementplazen bei Siemens, Airbus, Mubadala Aerospace a Global Eagle Media gehat. Elo ass e Partner bei APT Presentations zu Toulouse an Red Lion Consultats zu Dubai. APT Presentations ass am Beräich Management Coaching aktiv, Red Lion Consultants ass spezialiséiert an de Beräi- cher Aviatioun, Satellitekommunikatioun a Generatioun vun Energie.
26∙09∙2016 Nico Binsfeld House of Training
De Nico Binsfeld huet 1982 säin Diplom um Institut Supérieur de Technologie an der Elektrotechnik krut an huet duerno op der RWTH Aachen säin Diplom-Ingenieur an bei der Open University en MBA gemaach. Hie war bis 2001 op verschiddenen Managementpositiounen bei RTL Group an duerno bis 2010 fir d‘éischt Business Manager Carrier Siemens Luxemburg an dann Country Manager Nokia Siemens Networks Luxemburg. Bis 2015 war en dann CEO vum Post Telecom PSF an elo ass en CEO vum House of Training a Vizepresident vum „Luxembourg Institute for Digital Training“.
27∙09∙2016 Enrico Lunghi MUDAM
Den Enrico Lunghi huet an der Handwierkerschoul (Ecole des Arts et Métiers) am Baufach geléiert an ass no der 11e op den Technikum weidergaangen, deen em déi Zäit op der Kirchbierg komm ass an sech progressiv an den IST (Institut Supérieur de Technologie) verwandelt huet. Am zweeten Joer huet hien opgehalen an d’13e technique nogemaach, mat der hien op d’Uni zu Stroosbuerg konnt goen fir Konschtgeschicht an Geschicht ze studéieren. Vun 1991 bis 1995 waren Assistent am MNHA, duerno vun 1996 bis 2008 artisteschen Direkter vum Casino Luxembourg – Forum d’art contemporain. Zanter 2009 ass hien Direkter vum Mudam.
29∙09∙2016 René Jungbluth Siemens Building Technologies
Den René Jungbluth huet 1981 um Institut Supérieur de Technologie säin Diplom an Elektrotechnik gemaach, an ass vun dann bis elo an verschiddenen Positiounen am Grupp Siemens aktiv gewiescht. Bis 1992 huet en fir Siemens Däitschland grouss international Projeten als Ingenieur an als Chef de projet an Saudi-Arabien, Russland a Portugal begleet. Duerno war en bis 2000 Chef de service fir Siemens Lëtzebuerg an bis 2004 Direkter vun Siemens Building Technologies Luxembourg. Bis 2012 war en dunn Vizepresident vun Siemens Building Technologies Belsch-Lëtzebuerg, duerno Generaldirekter vun Siemens Lëtzebuerg an Direkter Building Technologies vun Siemens Frankräich. Zanter deem ass en bei Siemens Building Technologies Schwäiz, elo als Direkter Global Accounts.
04∙10∙2016, François Valentiny Valentiny hvp Architects, Auditoire B02 Campus Kirchberg 17:30
De François Valentiny huet no sengem Diplom 1974 um Institut Supérieur de Technologie vun 1975 bis 1980 Architektur op der École d´Architecture de Nancy an der Universität für angewandte Kunst zu Wien studéiert wou hien 1980 säi Magister krut. Dat Joer war en och Assistent bei der Internationaler Summerakademie zu Salzburg an huet mam Hubert Hermann den Architektebüro Hermann & Valentiny zu Lëtzebuerg a Wien gegrënnt. Vun 1987 bis 1992 huet en zu Tréier Architektur enseignéiert an war 1990 der éischten Lëtzebuerger Vertrieder bei der Biennale di Venezia. Vun 1991 bis 1994 war en Member vum « Gestaltungsbeirat » vun der Stad Salzburg. Tëscht 2000 an 2003 war hien Professer zu Leipzig an 2002 huet en mat « ADATO » den éischten Lëtzebuerger Architekturmagasinn gegrënnt. Vun 2006 bis 2007 war en President vun der Fondation de l’Architecture et de l’Ingénierie. 2006 krut hien och d’Goldenes Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich. 2007 krut hien den Éierepräis fir säi Gesamtwierk zu Lëtzebuerg an am Ausland, an dat Joer gouf en och Member vun der Europäischen Akademie der Wissenschaften und Künste zu Salzburg. Zanter 2011 ass en Professer op der « Beijing DeTao Masters Academy » zu Shanghai. 2011 huet hien zu Transcoso Bahia a Brasilien den Festival « Musica em Trancoso Met» matgegrënnt. 2014 huet hien d’VALENTINY FOUNDATION an d’Liewen geruff, an 2016 d’Europäesch Kräiz vun der spuenescher Fundación de Fomento Europeo krut.
Zu sengen villen Bauten gehéieren ënner anerem an Éisterräich d’« Haus für Mozart» zu Salzburg an d’Lëtzebuerger Ambassad zu Wien; a Brasilien den Festival Open Air Mozarteum zu Transcoso; a China de Lëtzebuerger Pavillon vun der Expo 2010 an a grousse Projet an der Low Carbon City zu Shenzhen; an Däitschland eng ganz Rei vun Kulturhaiser an Theateren zu Aachen, Saarlouis, Saarbrücken, Bad Honnef, an och den präméierten Entworf fir d’Beethoven-Festspielhaus zu Bonn; an eng ganz Rëtsch vun realiséierten Projeten zu Lëtzebuerg, net zulescht déi nei Bibliothéik vun der Uni um Campus Belval.
D’Uni feiert 100 Joër Ingenieursausbildung zu Lëtzebuerg
Freiden 07∙10∙2016, 18:00 Maison du Savoir Campus Belval
Jiddwereen ass wëllkomm!
Schreiwt Iech an op https://100yearsengineering.uni.lu/




