Science live iwwert d’ganzt Joer!
Bass du u Wëssenschaft an Technik intresseiert?
Hues du iwwer 11 Joer?
Wëlls du nei Leit kenne léieren, déi déi selwecht Intressen hu wéis du?
Wa jo, da kuck der den neie Programm vum „Science Club“ genee un. De „Science Club“ bitt dir nämlech vill flott Aktivitéiten, wéi zum Beispill verschidden technesch a wëssenschaftlech Workshopen an Experimenter, intressant wëssenschaftlech Ausstellungen am In- an Ausland, „Science Camp“, ….
Wann s du un Aktivitéite wëlls deelhuelen, da mell dech beim „Science Club“ per Post (mam Umellungsziedel op der leschter Säit), per E-Mail (science-club@mnhn.lu) oder per Internet (www.science-club.lu) un. Mee denk drun, d’Zuel vun deenen, déi kënne matmaachen ass limitéiert. Duerfir, wann s du wierklech un enger Aktivitéit intresséiert bass, da mell dech esou fréi wéi méiglech un.




