50 Joer SCHROEDER & ASSOCIÉS_

L’histoire du bureau Schroeder & Associés va de pair avec le développement extraordinaire du Luxembourg depuis les années 60. Florent Schroeder et Jean Heldenstein ont créé le bureau d’études en 1961. Ils ont démarré à deux collaborateurs. Aujourd’hui, Schroeder & Associés, ce sont treize associés luxembourgeois, 230 collaborateurs dont une moitié à peu près de frontaliers. Le développement a été continu: 25 collaborateurs en 1970, 85 en 1980, 110 en 1990, 180 en 2000….

Interview mam Här Gaston FLESCH administrateur délégué vu Schroeder & Associés

Wéi beschreift Dir Schroeder & Associés ?

Gaston FLESCH:

Schroeder & Associés ass eng aussergewéinlech Erfollegsgeschicht an huet bis elo 50 glécklech Joren erlieft. An dëser Zäit si mir dofir bekannt ginn, dass mir zouverlässeg a serieux an der Erfëllung vun eisen Aufgabe sinn an eis och ni gescheit hunn fir nei Weeër ze goen ouni awer dobäi onvirsiichteg ze sinn an dem Client ze héich Risiken ob ze erleeën.

Haut decke mir méi wéi eng Doze verschidden Aktivitéitsgebidder vum Héich-, Déif-, a Stroossebau iwwert Vermiessungssaarbechten, Verkéiersplanung bis hin zum Waasserbau of. Dobäi kenne mir eis ëm all Deelmissiounen këmmeren, vun der Planung iwwert d’Ausschreiwung bis hin zu der Iwwerwaachung vun der Exekutioun, och de Projektmanagement an d’Sécherheetskoordinatioun gehéieren zu eise méiglechen Aufgaben.

Mir sinn domadder haut de komplettesten Ingenieursbüro zu Lëtzebuerg.

Mir sinn, an dat vun Ufank un, dat heescht säit der Grënnung vu Schroeder & Heldenstein am Joer 1961 eng onofhängeg lëtzebuerger Firma mat elo 230 Mataarbechter.

D’Féierungséquipe besteet nëmmen aus Lëtzebuerger; am Ingenieursberäich versiche mir haaptsächlech Lëtzebuerger déi de lokale Kontext an d’Spezifizitéiten vun eisem Land vu Klengem u kennen anzestellen an erfëllen domat d’Erwaardunge vun eise Clienten, besonnesch am ëffentleche Secteur. Mat villen däitschen, franséischen, belschen, portugiseschen an italienesche Mataarbechter an aus villen aneren Natioune profitéiere mir och an eise verschiddene Servicer vun der Internationalitéit vun eise Leit.

Wat sinn déi grouss Erausfuerderunge u Schroeder & Associés an deenen nächste Joren?

Gaston FLESCH:

Ech gesinn do 3 grouss Aufgabefelder.

  • Schroeder & Associés ass op engem ganz héijen Niveau ukomm an ass gutt situéiert, et geet eis gutt. Dat kann dozou féieren, dass een heiansdo eppes méi gemittlech gëtt, dass et e bëssen un der Dynamik feelt. Schroeder & Associés huet scho laang verschidde Sektioune wou mir ëmmer innovativ waren a sinn, dat ass besonnesch am Waasserbau an am Verkéierswiesen de Fall; mir musse viru fueren um Ball ze bleiwen an net ze mengen et wier elo genuch, den Appetit fir Neies ze won muss bleiwen an nach méi grouss ginn. Dobäi däerfe mir net vergiessen och iwwert d’Grenzen eraus ze kucken. Ech denken, dass mir an Zukunft, fir eisen bisherigen Wuesstem bäizebehalen a fir d’Ofhängegkeet vun de Schwankunge vum nationale Marché ofzefiederen eis international méi engagéiere mussen.
  • Nei Gebidder ronderëm d’Energie an d’Ressourcen am allgemenge kréien ëmmer méi Wichtegkeet. An dëse Gebidder wäerte mir eis positionéieren an dobäi besonnesch Energieversuergung, Waasserbau, ressourceschounend Bauweisen an innovativ Verkéiersplanung am Aen behalen. Mir wëllen an dëse Fachrichtunge lernfäheg bleiwen an eis Clienten gutt an nohalteg beroden.
  • Déi drëtt Erausfuerderung déi eis elo schon, mä an Zukunft nach méi wäert beschäftegen, ass d’Art a Weis wéi d’Bauhären sech hir Ingenieursbüroen eraussiche fir si fir sech schaffen ze loossen. Bis viru kuerzem war et ausschliisslech esou, dass Ingenieuren op Grond vun hirem Kënnen, hirer Kompetenz, hire bisherege Leeschtungen, hire Kontakter an besonnesch wéinst dem Vertrauen tëscht dem Bauhär an hinne mat neie Missioune beoptragt si ginn. Leider gëtt et awer wéinst den europäeschen Direktiven ëmmer méi schwéier Qualitéit an gutt Zesummenaarbecht duerch ze setzen. Et mussen ëmmer méi Planungsaufgaben ausgeschriwwe ginn, den Zouschlag vu Missiounen erfollegt méi an méi iwwert Formalismus an iwwert de Präis an ëmmer manner iwwert Kënnen, Experienz an Vertrauen. Eis Serviceleeschtung gëtt iwwert déi selwecht Paragraphen ofgehandelt wéi Botzdéngschtleeschtungen an net wéi zum Beispill Doktesch-oder Affekoteservicer déi jo och zu engem ganz groussen Deel op Vertrauen tëscht Optraggeber an Serviceleeschter baséieren. Hei sinn eis Politiker gefuerdert fir an deem Punkt Remedur ze schafe, well wann dat an Zukunft esou weider geet gi mir als Ingenieursbüro gezwonge vill méi kommerziell ze denken an ze riskéieren, dass dobäi d’Qualitéit vun de Projéen d’Zefriddenheet vum Client op d’Spill gesat gëtt. Eis Aufgab muss et bleiwen de Client nach méi professionell ze beroden an nach méi serviceorientéiert de ginn. Eng Planung a Berodung déi aus finanzielle Grënn net grëndlech genuch gemaach ka ginn, kascht de Bauhär um Ënn vill Suen, dëst nom Motto “Spuere kann deier ginn”. Lëtzebuerg ass amgaang hei säin traditionellen Equiliber tëschent Leeschtung a Bezuelen ze verléieren.
Wéi huet sech Är Firmenphilosophie an deene 5 Jorzéngten entwéckelt?

Gaston FLESCH:

Grondlag vun eiser Betribsstruktur ass eng Philosophie déi op kompetenten, motivéierten, an zefriddene Mataarbechter baséiert. Dat ass a bleift de Garant vu gudder Aarbecht an vun zefriddene Clienten. Wesentlech ass dobäi, dass mir als Firma eis fir eis Mataarbechter verantwortlech fillen, da kenne mir och erwaarden, dass si sech fir hir Aarbecht, fir hire Büro, fir hir Kollege verantwortlech asetzen. Eng kollegial, solidaresch a sozial korrekt Zesummenaarbecht muss am Alldag primordial sinn.

Mir hunn a 50 Joer nëmmen eng Kéier mussen aus ökonomesche Grënn e puer Mataarbechter entloossen. Mir sinn an deene 50 Joer kontinuéierlech awer gesond gewuess:

  • 1961 huet Schroeder & Heldenstein mat 4 Leit ugefaang.
  • 1970 hat Schroeder & Associés ongeféier 25 Mataarbechter, déi Zuel ass 1980 op 85 geklomm.
  • 1990 hunn 110 Leit hire Loun bei Schroeder & Associés verdéngt.
  • 2000 huet eis Beleegschaft ongeféier 180 Persounen ausgemaach fir elo 2011 bei 230 unzekommen.

Et ass Schroeder & Associés ëmmer rëm gelongen déi vill nei Leit ze integréieren, datt gëtt duerch eng héich Anciennetéit ënner Beweis gestallt. Bei eisem alljährlechen „Banquet de fin d’année“ kenne mir dofir ëmmer eng grouss Unzuel vu Cadeau’en fir 10-jähreg, 25-jähreg an esouguer 40-jähreg Betribszougehéiregkeet verdeelen. Ech freeë mech ganz besonnesch, dass bei deene Banqueten d’Bedeelegung vun de Mataarbechter déi lescht Joere regelméisseg zougeholl huet an elo mat 90 % ganz héich ass. Mir empfannen dat als een Zeeche vu géigesäitegem Respekt an eis Mataarbechter wëssen a spiren, dass mir si eescht huelen an, dass si eis enorm wichteg sinn.

Schroeder & Associés hält drop, dass ee gudde mënschleche Kontakt tëscht de Mataarbechter ass. De Kontakt gëtt gefuerdert a gefleegt bei gemeinsamen Ausflich, Visitten an Fräizäit- oder Sportaktivitéiten. Vill vun deenen Aktivitéite spillen sech vum Niveau vun deenen eenzelne Servicer of, mä et wäert an Zukunft och wichteg sinn dëst nach méi serviceiwwergräifend ze organiséieren, well och d’fachlech Zesummenaarbecht ëmmer méi integrativ gëtt. De Respekt an d’Gespier fir deem aneren seng Kompetenz, säin Asaz awer och fir seng Problemer sinn ongeheier wichteg. Nëmme well Direktioun, Associés an all Mataarbechter sech dëst säit Joren bewosst sinn, an deemno solidaresch gehandelt hunn, konnt Schroeder & Associés zu deem gi wat et haut ass.

Zu der Philosophie vun eisem Büro huet vun Ufank un och den Asaz fir d’Professioun am allgemengem gehéiert. Un allen Entwécklungen a Beruffsvertriedung vun den ingénieurs-conseils indépendants ware Leit vu Schroeder & Associés bedeelegt, ugefaang mam Jean Heldenstein a Flory Schroeder am Joer 1962, am „Syndicat des Ingénieurs-Conseils asbl“.

Iwwert all déi Joren hu mir ëmmer rëm matgeschafft an gehollef iwwert, CICL, den OAI ze grënnen, an d’Sektioun vun den Ingenieure mat ze leeden. Och a villen anere Gebidder – Ausbildung vun Zeechner, Avisen zu Reglementer a Virschrëften, Vertriede vun der Professioun, Ausschaffe vu Kontrakter an CRTIB-Texter, asw. – hunn Mataarbechter an Associée vu Schroeder & Associés mat Rot an Dot gehollef.

Wat wënscht Dir Schroeder & Associés fir d’Zukunft?

Gaston FLESCH:

Ech wënsche mir an all eisen Associéen a Mataarbechter, dass och an Zukunft ëmmer genuch Aarbecht fir d’ganz Firma wäert do sinn. Déi deelweis Iwwerlaaschtung vun den leschte Joren brauch net zur Gewunnecht ze ginn, mä ouni nei a vill Optreeg ka Schroeder & Associés net liewen. Dobäi si mir als grousse Büro besonnesch op grouss Projeten ugewisen. D’Konscht ass et awer och kleng Projéen net ze vernoléissege, well domadder Vertauen tëscht eis an eise Clienten opgebaut gëtt. Mir hoffen, dass eis Bauhären, besonnesch de Staat an d’Gemenge mä awer och d’Clienten aus dem Privatberäich genuch Moyene wäerten hunn fir vill Projeten ze realiséieren.

Mir wäerten alles dru setze fir, wéi an der Vergaangenheet, ee gesond a fair Verhältnis zu eise Clienten ze behalen, fir dat géigesäitegt Vertrauen tëscht hinnen an eis nach weider auszebauen, a fir eis Aarbecht nach méi efficace ze maachen.

Mir hoffen, dass mir och eng respektvoll Bezéiung mat allen Bauentreprisen an Handwierker kenne viruféieren, an am Kontakt mat den Architekten, Bauhären a Clienten eng selbstänneg, staark an akzeptéiert Positioun behale kennen, déi eis et erlaabt ëmmer een oppent Ouer an ee gudde Rot fir d’Problemer vun eise Clienten ze hunn.

Mir wënschen eis eng weiderhi fair a vertrauensvoll Zesummenaarbecht mat alle staatlechen an kommunale Verwaltungen an Instanze fir am Dschungel vu Genehmegungen, Avisen an anere Prozeduren eis Cliente kennen ze begleeden.

Mir denke bei all deene Punkten un eng kooperativ Zesummenaarbecht déi eis erlaabt am géigesäitege Respekt gemeinsam Léisungen, am Team mat allen alen an neien Akteuren (z. B. Projektmanager a Projektsteierer), ze fannen an duerchzéien ze kënnen.

Mir wëllen dem Géigeniwwer – Client, Architekt, Gemeng, Ministär an / oder Verwaltung, asw. – seng Bedürfnisser a Wënsch ëmmer méi fréi erkennen an erfëllen, an dobäi och Garantien iwwerhuelen an sou wichtege Punkte wéi z. B. Genehmegungsprozeduren, Präisgenauegkeet, Anhale vun Delai’en, Budgetssécherheet.

Dëst si grouss Aufgabe fir d’Zukunft a mir sti mat all eise kompetente Mataarbechter bereet fir dës Erausfuerderung unzehuelen.

Ad multos annos

Vivat, crescat, floreat Schroeder & Associés

Pour savoir plus sur la fête, voir sur www.50joer.schroeder.lu

Brochure Agenda Diary pdf

Facebooktwitterpinterestmailby feather