Schatzkëscht Buedem_

De Buedem ass eppes Lieweges vu grousser Komplexitéit, et ass d’Liewensgrondlag vun de Planzen, den Déieren a vum Mënsch. Dës Ausstellung „Schatzkëscht Buedem – Le sol, ce trésor“ gëtt Iech e Abléck an Entstehung vum Buedem, déi verschidde Buedemaarten, dat Liewe wat sech doranner ofspillt, d’Notzung vum Buedem an net zulescht de Schutz vun de Biedem.
Mee de Buedem ass och eng natierlech Quell fir d’Architektur. Op der Grondlag vun der Ëmgéigend hu sech verschidden Téin erausgebilt, déi d’Architektur vun de lëtzebuergeschen
Häiser gepräägt hunn. Dat Wäisst aus dem Éislek an déi verschidden Téin aus dem Guttland, déi vum kräftege Rout am Weste bis zum Giel-Beigen am Oste reechen. An dësem Sënn huet d’Firma Robin an Zesummenaarbecht mam SSMN e Fuerwekatalog fir Fassaden opgestallt mam Numm „Terre et Tradition“. Och heiriwwer gitt Dir méi gewuer.

D’Gemeng Biekerech an d’Millen asbl an Zesummenaarbe cht mam Service des sites et monuments nationaux freeë sech, Iech op de Vernissage vun der Wanderausstellung „Schatzkëscht Buedem“ vum Natur Musée kënnen z’invitéieren, an zwar Dënschdes, den 8. Mäerz 2016 vun 19:00 Auer uns an der Biekerecher Millen:

19:00 Auer: Konferenz (L) mam Dr. Christina Mayer (SSMN ) iwwert „D’Faarwe vum Land, d’Faarwe vum Patrimoine“ an der Scheier
19:30 Auer: Féierung (L) duerch d’Ausstellung an der Millegalerie mat der Madame Michelle Grosbusch, Kommissarin vun der Ausstellung
20:15 Auer: Ve rnissage vun der Ausstellung an der Millegalerie

flyer info & invitation pdf

Info@dmillen.lu

Facebooktwitterpinterestmailby feather