Op de Spueren vum Kallek_

Scho méi ewéi 200 Joer gëtt zu Rëmeleng Kallek ofgebaut a verschafft. Wor et Fréier de Berens esou ass et Haut Firma Cimalux. Op eisem Tour kucke mär ewéi de Kallek ofgebaut a verschafft gëtt. Mä och an der Natur spillt de Kallek eng grouss Roll.

Um Parking vum Musée National des Mines de Fer geet eisen Tour un. Da geet et op der Rembur, laanscht Klinkerwierk “Intermoselle” bis an Heseng. Erop op d’Heed iwwer den Napoleons-Wee, duerch d’Wässkaul den Heeterwee erof an zeréck op de Parking. Ënnerwee gesi mär den éischten Drénkwaasserbehälter vu Rëmeleng. Weider Themaen sinn dat déidlecht Accident am Hesengerlach, Keiser Denkmal, Seelebunn, Lentgeskräiz an nach villes méi. Dat Ganzt mat villen Geschichten an Anekdoten.

Esou een Tour mécht natierlech och Honger. Wann der wëllt kenne mär esou ewéi dat lescht Joer och, dësen Tour bei engem Iessen an der Brasserie du Musée ofschléissen. Gitt mär just bei ärer Umeldung Bescheed da kann ech een Dësch reservéieren.
Also bis dann zu Rëmeleng. Visite matt dem Calude Hermes.
https://guideforoneday.lu/tour/op-de-spueren-vum-kallek/

Facebooktwittergoogle_pluspinterestmailby feather