Zanter wéini gëtt et se? A wéi weess een dat? Zanter fir d’éischt den Numm Lucilin burhuc an engem Dokument opdaucht? Zanter fir d’alleréischt e Geograf eng Kaart vu Land a Stad gezeechent huet? Zanter fir d’éischt d’Lëtzebuerger gezielt a repertoriéiert gi sinn? Oder?
Vollekszielung, Kartographie an aner Repertoriéierungen sinn eng Kéier fir d’éischt duerchgezu ginn a si ginn et zanterhier stänneg. Ass et Verwaltungskrom oder mécht et fir Land a Leit méi Sënn, wéi een dat unhëlt, wann ee Statistiken, Kadasterpläng a Genaralstabskaarten duerchkuckt?
An dësem éischte Geschichtsarchiv am Nei Joer mécht de Roger Seimetz eng Autopsie vu Lëtzebuerg a Lëtzebuerger a vun hirer Geschicht. Eng Autopsie am ursprüngleche Sënn vum Wuert.
Den ganzen Artikel vum Roger Seimetz (.PDF)




