Landesplanung, Siedlungsentwécklung, Schutz vun de Landschaften…. Wou sti mäer?_

Viru Joeren gouf den IVL-Konzept erstallt, mat hehren Zieler: Eis Uertschafte solle sech no „bannen“ entwéckelen, net weider an d’Gréngzon wuessen; bestëmmten Uertschafte (sougenannt „zentrale Orte“) sollte sech méi entwéckelen, anerer manner … a villes méi.

Elo rezent huet de Ministère e Bilan virgestallt awéifern d’Zieler vum IVL agehale ginn oder net: de Bilan iwwerrascht keen, den um Terrain d’Aen ophuet: Déi Zieler ginn am Ablack net erreecht, ma am Géigendeel total a Fro gestallt: Siedlungsentwécklung geet queesch duerch d’Land…

Elo da stinn och nach vill nei PAGen an de Gemengen un, wou dermatt ze rechnen ass, datt alt ërem net genuch den Zieler vun der Landesplanung Rechnung gedroë gëtt.

Da stin déi sektoriell Pläng nach un (Wunnengsbau, Landschaften, Aktivitéitszonen a Mobilitéit), déi demnächst sollen an d’Prozedur goen nodem d’Ännerung vum Landesplanungsgesetz iwwert d’Bühn ass, wat u sech sollt virun Ënn vum Joer geschéien.

_Wat heescht dat alles fir de Mouvement ?

_Wéini musse mir wou a wéi intervenéieren?

_Wéi eng Aktiounen an d’Wee leeden?

_Wat ka national, wat regional an a Gemenge geschéien?

_Wat wären awer och eis politesch Fuerderungen, national a kommunal?

Um Member-Forum welle mäer de „point“ maachen an awer och gemeinsam iwwerleeën, wéi mäer solle weider virgoen.

Et gëtt Sandwich’en an och eppes ze drénken, fir eis di „däreg“ Diskussiounen ze erliichteren… Duerfir wier et flott fir Bescheed ze soen wann Dir wëllt un der Réunioun deelhuelen: meco@oeko.lu oder tel. 439030-1

Autor: Mouvement Ecologiquewww.meco.lu

Facebooktwittergoogle_pluspinterestmailby feather