Jean Claude Berens_

Bei der Foto handelt et sech ëm een 360 Grad Panorama vun den Siloen op der Friche vun der aler Schmelz, genannt « Terre Rouge ». An deenen Siloen ass getrennt no Qualitéit d’Eisenerz aus den Minnen stockéiert ginn.
Hannert den Siloen déi an der Rue Barbourg zu Esch-Uelzecht stinn war déi al Schmelz. D’Firma Calumet huet dës Siloen als lescht nach genotzt fir een Polver ze stockéieren wat bei der Hirstellung vum Zement an Glas gebraucht gëtt. Awer no massegen Reklamatiounen vun den Noperen hunn si d’Gebäi erëm missten verloossen, well den extrem Rengen Polver iwwerall bei den Leit an d’Wunnengen an an d’Gärt geflunn ass.

Den leschten mir bekannten Projet fir dësen Site heescht « Lentille Terre Rouge ». Do soll an Zukunft den neien Fola’s Terrain hin stoen kommen mat enger Kapazitéit fir 4000 Leit (Publikum) an engem ënnerierdeschem Parking mat 1200 Parkplazen. Ausserdeem sollen do Wunnengen fir d’Studenten vun der Uni-Belval geschaf ginn.

Jean-Claude Berens

www.luxurbex.com

www.urbanvisions.lu

Facebooktwitterpinterestmailby feather