Decisioun Lëtzebuerger Pavillon_

Lëtzebuerger Pavillon, Decisioun réischt Mëtt Dezember

Lëtzebuerger Pavillon: 4 Demanden goufen ënnersicht, dorënner 2 vu Lëtzebuerger Betriber. Eng Decisioun soll awer réischt Mëtt Dezember geholl ginn. D’Dossiere vun de 4 Kandidaten sinn deels net komplett. Och bleiwe mat de chineeseschen Autoritéiten nach Froen ze klären.

De GIE wëll sech och déi noutwenneg Zäit huelen, fir eng Decisioun ze huelen. De Projet, deen um Enn gewielt gëtt, soll garantéieren, datt eng Reinstallatioun vum Pavillon a China Reklamm mécht fir d' »Image de Marque » vum Land.

Den Terrain, wou de Lëtzebuerger Pavillon den Ament drop steet, muss bis den 1. Mee 2011 fräi gemaach sinn.

Source: RTL Kultur News

Facebooktwitterpinterestmailby feather