BRUNCHING_

35 Ingenieuren haten den Wee an d’Stad an den Siège vun Paul Wurth fonnt, wou dëst Evenement stattfonnt huet. Soubaal den neien Foyer Technique fir d’ Rentrée am September 2011 fäerdeg ass, gin déi nächst “Brunching” Evenementer am neien Foyer Technique um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte an der Stad ofgehalen.

Gemittlech ass et kuerz no halwer 11 lass gaangen, wou all déi aal an déi nei Memberen bei enger Taass Kaffi an engem Stéck Kuch d’Méiglechkeet haten fir sech kennen ze leieren an Erfahrungen auszetauschen. D’Mëschung vun den Nationalitéiten huet dësem Evenement een internationalen Flair verlieen obwuel d’Lëtzebuerger trotzdem an der Majoriteit waren.  Nodeems déi éischt Bekanntschaften geschloss gin waren ass et an den Presentatiounssall gaangen, wou den 1. Brunching Event offiziell agelaut gin as. No der kuerzer Afeierung huet den Philippe Osch eis mat senger Presentatioun op d’Rees an seng studentesch a professionell Vergaangenheet matgeholl.

Den Philippe huet eis, mat vill Enthusiasmus, sain Wee vun der Universitéit bis zu senger aktueller Firma “HITEC Luxembourg” mei no bruecht fir z’illustréieren waatfir choix’en an der Studien- an Beruffsgestaltung vum Ingénieur zu engem spezifischen professionellen Profil leede kennen. Iwwert d’Schwaiz wou hien op der ETH, der Eidgenössischen Technischen Hochschule Zürich, studéiert huet ass hien sain Wee gangen. Iwwert een Stage an Ungarn an engem halwen Joer Openthalt an der Volksrepublik China huet hien schlussendlech seng lescht Joeren vun der Uni zu Delft, op der Techneschen Universitéit Delft ofgeschloss.. No weideren 3 Joer an Holland an an England, wou hien als Consultant geschafft huet, huet et hien Ufank 2010 erëm zeréck op Lëtzebuerg gezunn, wou hien haut bei HITEC Luxembourg als Project Manager am Beräich vun Antennen fir Satelittenbuedemstatiounen schafft.

No dëser ganz interessanter Presentatioun ass dunn den Brunch servéiert ginn. Den excellenten Catering, deen vun der Firma Paul Wurth zur Verfügung gestalt gin ass, huet den Event ofgeronnt. Bei gemittlecher Musek am Hannergrond war d’Méiglechkeet do fir een deen aneren Kennenzeléieren an iwwert Ingenieursthemen an aner interessant Projet‘en ze schwätzen.

Ofschléissend ass dëst éischt Evenement an dëser Konstellatioun ganz gutt ukomm an gëtt weider an dës Richtung weiderentwéckelt. Mat den virgesinnenen Terminer vum 27. August 2011, 26. November 2011 an 18. Februar 2012 get den Brunching een festen Rendez-vous an dem Kalenner vun der ALI.

Un dëser Plaatz soen mir der Firma Paul Wurth villmols Merci fir zur Verfügung stellen vun dem Catering an dem Sall, an och all den Memberen aus dem Groupe de Travail – Young Engineers (Yves Leiner, Philippe Osch, Philippe Wirtz, Ilias Zerktounis, Benoit Thix an Joé Welter) dei dest Evenement meiglech gemaach hun.

Schlussendlech sin mer frou Iech all op dem nächsten Event den 27. August 2011 am neien foyer technique erëm begréissen ze kënnen.

Joé Welter

epour Fotoen pdf

www.ali.lu

Die naechst Brunching sinn:

27.08.2011

26.11.2011

25.02.2012

emmer um 10h30  am neie Foyer Technique

Reservation an informationen aliasbl@pt.lu

Facebooktwitterpinterestmailby feather