Brunching for Young Engineers_

Nodeems am Juni 2011 deen éischten Brunching organiséiert gi war an 35 jonk Ingenieuren den Wee an d’Stad op den Siège vun Paul Wurth fonnt haten, as och déi zweet Kéier den Site vun der Firma Paul Wurth der ALI zur Verfügung gestallt ginn well den neien “Foyer Technique” um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte nach net bezuchsfäerdeg ass.

No engem gelongenen Start bei dem éischten Brunching am Juni 2011, sinn d’Umellungen bei dem zweeten Evenement iwwer 40 erausgaangen. Kuerz no 11:00 Auer haten sech déi Meescht an dem Sall afonnt. Bei enger Taass Kaffi an engem Stéck Kuch war dunn d’Méiglechkeet do fir sech besser kennenzeléiren an Erfahrungen auszetauschen. Doduerch dass vill Ingenieuren nach dobäi sinn eng Dokteraarbecht ze schreiwen oder am Ausland geschafft haten an eréischt grad oder schon länger zeréck am Land sinn, war et immens interessant déi eenzel Weer sech unzehéieren.

Bei dem éischten Brunching am Juni 2011 hat den Philippe Osch eis mat ganz vill Enthusiasmus säin Wee vun der Universitéit bis zu senger aktueller Fima “Hitec Letzebuerg” mäi no bruecht. Iwwert d’Schwäiz wou hien op der ETH, Eidgenössischen Technischen Hochschule, studéiert huet ass hien säin Wee gaangen. Iwwert een Openthalt an der Volksrepublik China bis hin zu enger Studienaarbescht an England an an Ungarn huet hien schlussendlech seng lescht Joeren op der Technescher Universitéit vun Delft ofgeschloss, wou hien och seng zukünfteg Fra kennegeléiert huet. No 4 Joer an Holland huet et hien Enn 2010 erëm zeréck op Lëtzebuerg gezunn, wou hien haut bei Hitec als Project Manager schafft.

Fir den zweeten Brunching hunn mir een Présentateur gesicht, deen schon méi Sparten vun Aarbechtsberäicher duerch gemaach hat fir d’Vir an och d’Nodeeler hei méi am Detail ze beliichten. Mam Alain Jungen haten mir den optimalen Ingenieur fonnt. Den Alain huet op der EPFL  zu Lausanne studéiert,.  Nodeems hien säin Master am “Microengineering” bei der Firma Zyvex Corporation an Amerika (Texas) ofgeschloss hat, ass hien zreck an d’Schwäiz gangen,  an huet dunn mat engem PhD am Beräich Nano-physik op der ETH zu Zürich  ofgeschloss. Als éischt huet den Alain zu Zürich als onofhängegen Beroder geschafft bis dat hien dunn no e puer Joer zeréck op Lëtzebuerg koum, wou hien bei der ELTH zu Steesel geschafft huet. No ganz interessanten Joeren zu Steesel ass den Alain haut bei der CCSS (Centre Commun de la Sécurité Sociale) an der Stad als  Méthodolog.

No dëser ganz interessanter Presentatioun ass dunn den Brunch servéiert ginn. Den excellenten Catering, deen vun der Firma Paul Wurth finanzéiert gin ass, huet den Event dunn ofgeronnt. Bei gemittlecher Musek am Hannergrond war d’Méiglechkeet fir een deen aneren Kennenzeléiren an iwwert Ingenieursthemen an aner interessant Projets ze schwätzen.

Ofschléissend sin des zwee eischt Evenementer an dëser Konstellatioun ganz gutt ukomm an den Groupe de Travail (Yves Leiner, Philippe Wirtz, Philippe Osch, Benoit Thix, Ilias Zerktounis, Micky Dauphin, Joé Welter) mëscht an Zukunft alles dofir, fir dass d’Brunchingen nach mei interessant an lieweg ginn.

D’ALI invitéiert Iech zum Schluss nach ganz häerzlech op den nächsten Brunching fir Enn November 2011 am neien Foyer Technique.

Un dëser Stell soen mir der Firma Paul Wurth, Merci fir zur Verfügung stellen vum Sall an dem Catering, Merci och dem Alain Jungen fir seng Presentatioun, dem Mireille Thill vun der ALI een ganz groussen Merci fir d’Hëllef bei der Organisatioun an zum Schluss och dem ganzen Groupe de Travail fir dei super Aarbescht.

Joé Welter

www.ali.lu

 

 

Facebooktwitterpinterestmailby feather