Biodiversitéit, Besch a Klima a gesellschaftlech Verännerungen_

De Mouvement Ecologique, mat der Ënnerstëtzung vun Partnerorganisatiounen, luet all Interesséiert ganz häerzlech an op zwou Konferenzen mat renomméierten Experten a Riedner ronderëm d’Theme Biodiversitéit – Bësch a Klimawandel an zu enger drëtter, wéi mäer d’Bereedschaft an der Gesellschaft fir Changementer erheiche kënnen.

Klimawandel: Eine weitere Gefahr für unseren Wald? Wie damit umgehen? Welche Konzepte & Strategien entwickeln?
en Donneschden, den 5. Dezember 2019 um 20:00 am Hotel Parc Belle Vue (salle Marie-Thérèse), 5, av. Marie-Thérèse, Lëtzebuerg

Referent ass de Prof. Dr. L. Ibisch, Professer fir Naturschutz op der Héichschoul fir Nohalteg Entwécklung Eberswalde. Den Prof. Dr. L. Ibisch ass ee vun de prominentste Fachleit an dësem Beräich, deen extrem kompetent duerstellt, wéi den Zoustand vun eise Bëscher ass, wat de Klimawandel bedeit a wéi vun allen Akteure reagéiert sollt ginn. Och dëst ass an eisen Aen vu besonneschem Interessi fir d’Gemengen.

Brauchen wir neue “Erzählungen” für ein lebenswerte nachhaltige Zukunft? …wie können sie entstehen, wie können sie kommuniziert werden?

en Donneschden, den 21. November 2019 um 20:00 am Hotel Parc Belle Vue (salle Marie-Thérèse), 5, av. Marie-Thérèse, Lëtzebuerg

Referent ass de Sascha Meinert, Politikwëssenschaftler a Grënner vum Berliner Institut fir prospektiv Analysen. Grad elo, wou ëmmer méi Wëssenschaftler soen, datt mir grondsätzlech Verännerunge brauchen an eisem Gesellschafts- a Wirtschaftsmodell, fir de Biodiversitéitsverloscht an d’Klimaverännerung unzegoen, ass et wichteg ze diskutéieren, wéi een nach besser Leit erreeche kann, wat d’Viraussetzunge sinn fir eng Gesellschaft ze veränneren. Genau dat ass den Thema vun dësem Owend an duerfir an dësen Zäiten besonnesch wichteg.

Hei derbäi fannt Dir d’Detailler zu den Aluedungen. Dir fannt se awer och online bei eis um Site www.meco.lu.

Facebooktwitterpinterestmailby feather