Assemblée Générale vun der ANEIL_

Déi traditionell Generalversammlung vun der Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois (ANEIL) am Forum Da Vinci an der Stad, dem Sëtz vun den Ingenieurs- an Architekteveräiner da Vinci, OAI an ANEIL, huet en erfollegräicht Joer fir d’Ingenieursstudenten ofgeschloss. Dobäi gouf d’Anouk Godelet zur neier Presidentin gewielt.
Virun der Entlaaschtung vum Trésorier an der Wahl vum Comité fir d’Joer 2016 huet de Rapport vum Michel Faltz gewisen, dass de Veräin senge Memberen 2015 vill gebueden hat: Visite bei ArcelorMittal, TR Engineering, Sources Rosport, Schroeder et Associés, CFL, Carosserie Roemen, Cimalux a SEBES hu vill interesséiert Memberen ugezunn. D’traditionell Rees hunn d’Studenten 2015 op Hamburg gemaach, wou se ënnert anerem Blohm und Voss, Airbus an d’Kuelekraaftwierk Moorburg besiche waren. Finanziell geet et dem Veräin, trotz groussen Investissementer an d’Zukunft, dank de ville Partner aus Industrie a Wirtschaft gutt.
Informatioun a Kontakter hu grousse Wäert
D’ANEIL leet grousse Wäert drop, dass et och an Zukunft genuch jonk Leit ginn, déi Ingenieurswiese studéieren, sou dass d’Zuel vun de besichte Lycéeën zwecks Studieninformatioun nach méi an d’Luucht gesat gouf. Och op der Foire de l’Etudiant war d’ANEIL rëm mat engem grousse Stand vertrueden. De Kontakt tëscht de Studenten an den Entreprise vu Lëtzebuerg gouf op der traditioneller Table Ronde Karfreides hiergestallt. D’ANEIL hat och d’Chance, der Fondation Enovos bei der Iwwerreechung vum Prix d’Excellence ze hëllefen, dëst scho fir déi véierte Kéier. Dëse Präis gëtt mat 2500 € belount a gëtt fir déi bescht Ofschlossaarbechten an engem Ingenieursstudium iwwerginn.
An enger Assemblée Générale Extraordinaire sinn e puer Ännerungen an de Statute vu 1958 virgestallt ginn, déi ënnert anerem d’Fusioun vun de lëtzebuergeschen Ingenieursveräiner zu der “da Vinci a.s.b.l.” unerkennt. Dës Ännerunge goufen eestëmmeg ugeholl.
No der Wahl vum Comité fir 2016 an der Accordéierung vun engem Don un d’Caritas fir e Projet am Congo huet déi nei Presidentin Anouk Godelet, déi eréischt déi zweet Fra op dësem Posten ass, dunn op den traditionelle Patt an der Bar vum Forum Da Vinci invitéiert.

www.aneil.lu

contact@aneil.lu

Facebooktwitterpinterestmailby feather