Assemblée Générale vun der ANEIL
Déi jäerlech Generalversammlung vun der Association Nationale des Etudiants Ingénieurs Luxembourgeois (ANEIL) huet de 27. Dezember 2012 am Forum Da Vinci an der Stad, dem Sëtz vun der ALIAI, dem OAI, der ALI, Tema.lu an der ANEIL, statt fonnt.
Virun der Entlaaschtung vum Tresorier an der Wahl vum Comité fir d’Joer 2013, huet dann och den Aktivitéitsbericht vum Joer 2012 gewisen, dass de Comité ee gutt gefëllte Veranstaltungskalenner op d’Bee gestallt hat: d’Visite vun der Post zu Beetebuerg, Arméi, ArcelorMittal Belval, Brasserie Nationale an Twinerg hunn vill interesséiert Memberen ugezunn, genau wéi och de neie Konzept vun enger ganzdeegeger Aktivitéit, déi bei Ford zu Saarlouis a beim Wënzer Henri Ruppert zu Schengen ofgehale gouf. D’traditionell Rees huet d’ANEIL 2012 a Polen gemaach.
Och 2012 war rëm eng vun den Haaptaufgabe vun der ANEIL, de Schüler den Ingenieursstudium méi no ze bréngen. Dat ass och gutt gelongen, dank ënner anerem enger neier Oplag vun der Brochure Let’s Engineer an enger Réi Presentatiounen a Lycéeën.
E weidere wichtege Kommunikatiounswee war d’Foire de l’étudiant, wou d’ANEIL mat engem neien a grousse Stand present war, zesumme mat den aneren Associatiounen vun der ALIAI . Fir d’Kommunikatioun tëscht de Studenten an den Entreprisen ze förderen, huet d’ANEIL och rëm op hier traditionell Table-ronde agelueden, déi och rëm e grousse Succès hat.
D’ANEIL hat dunn och d’Chance, der Fondation Enovos bei der éischter Iwwerreechung vum Prix d’excellence ze assistéieren. Dëse Präis ass mat 2500€ dotéiert a gëtt fir déi bescht Ofschlossaarbechten an engem Ingenieursstudium iwwerginn.
No der Wahl vum Comité 2013 an der Accordéierung vun engem Don un Ingénieurs sans frontières huet d’ANEIL dunn op den traditionelle Patt an der Bar vum Forum Da Vinci agelueden.
Zesummesetzung vum Comité 2013 :
· President: Venant Pirrotte
· Vizepresident a Responsabel Partner: Eric Gonderinger
· Sekretärin: Sonja Schlammes
· Vizesekretär a Responsabel Foire de l’étudiant: Hugo Simões Martins
· Trésorier: Elio Rerman
· Responsabel Table Ronde: Gilles Nies
· Responsabel Visitten a Rees: Florian Pfleiderer
· Responsabel Publikatiounen: Max Schmitz
· Responsabel Studieninformation: Philippe Theisen
· Webmaster (coopté): Yves Duhr




