2. Klimapakt Dag_

De Ministère fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen a myenergy invitéieren Iech op e Konferenznomëtten, deen am Kader vum Klimapakt fir d’Gemengen organiséiert gëtt. Um Programm stinn ënnert anerem d’ Presentatioun vun der Reform vum „Fonds pour la Protection de l’Environnement (FPE, Beräicher erneierbar Energien an Energieeffizienz)“, dem Subsideprogramm fir Gemengen, vum Staatssekretär Camille Gira, sou wéi en Erfahrungsaustausch mat den éischten zertifizéierte lëtzebuergesche Gemengen an d’Virstellung vu Best-Practice Beispiller vun zwou däitschen European Energy Award® Gold Gemengen.

Profitéiert vun dësem Zesummentreffe fir en Erfahrungsaustausch mat anere Gemengen a mat de concernéierten Acteur’en ze maachen!

Mir géifen Iech bieden, Iech bis spéitstens de 16. Mee ënnert folgendem Link unzemellen.

http://www.pacteclimat.lu/

Facebooktwittergoogle_pluspinterestmailby feather